23.01.2019

De Bësch, fir jiddereen eppes dobäi : Infoowend: Bëschführerschäin

Programme

De Bësch, fir jiddereen eppes dobäi : Infoowend: Bëschführerschäin 



Nëmme wien d'Virgäng am Bësch gutt kennt, kann dësen nohalteg fleege, schützen a bewirtschaften. Un dësem Infoowend gitt dir alles gewuer iwwer d'Seminärrei "Bëschführerschäin", déi dëst Joer vum Lëtzebuerger Privatbësch (Groupement des Sylviculteurs a.s.b.l.) an dem Naturpark Mëllerdall organiséiert gëtt. Dës Seminäre riichte sech virun allem u kleng Bëschbesëtzer a Leit, déi eréischt viru kuerzem e Bësch kruten. "Al Huese" sinn awer natierlech och Wëllkomm a gi bestëmmt och nach eppes Neies gewuer!



D'Umeldung fir dësen Infoowend an de Bëschführerschäin leeft iwwer de Lëtzebuerger Privatbësch!

Weider Informatioune fannt dir op www.privatbesch.lu an umelle kann ee sech op oder um +352 89 95 65 10!

Präis: gratis

Sprooch: Lëtzebuergesch an Däitsch
Informations générales

Centre Culturel, Larochette

RUE DE MEDERNACH
L-7619 Larochette


Date

mercredi, 23 janvier 2019


Heure

19h30


Contact

T : +352 89 95 65 10

E :