Die ”Marche Gourmande” wird am Luxemburger Vatertag organisiert (erster Sonntag im Oktober).
100 % Genoss op 10,7 KM a 5 Gäng:
Organiséiert vun der Kulturkommissioun Fiels an dem Syndicat d'Initiative et de
Tourisme Larochette
Méi Informatioune kritt dir iwwert d'Telefonsnummer: 26 87 09 68 (Tourist Info)
Regele fir mat ze maachen:
Nëmme mat enger Reservatioun virum 22 September 2023 ass eng Participatioun garantéiert
Bezuele kann ee mat engem Virement op de Kont vum:
Syndicat d’Initiative et de Tourisme Larochette, LU06 0019 2900 0291 6000 op der BCEE
De Virement gëllt als Reservatiounsbeweis. Drop stoe sollen:
Mentioun “Marche Gourmande 2023”, Unzuel vu Kanner an Erwuessener
Telefonsnummer oder Emailadress
Erwuessener bezuelen 48 €
Kanner bis 12 Joer 24 € (hallef Portioun).
Gedrénks ass net am Präis mat abegraff (ausser den Aperitif).
All Reservatioun ass definitiv. Et gëtt kee Remboursement wann een net mat geet.
Hënn si wëllkomm, mussen awer un der Léngt gehale ginn.
D’Wanderung ënnerhuelt dir op eege Fauscht a Verantwortung. Et ass keng
Begleedung derbäi. De Wee ass gezeechent.
Méi Informatioune kritt dir iwwert d’Telefonsnummer: 26 87 09 68 (Tourist Info).
Accueil ass vun 10 Auer un an dee leschten Départ ass um 11.30 Auer.
De leschten Dessert gëtt ëm 17.30 Auer zerwéiert.
Accueil mam Aperitif:
Entrée: Centre Culturel "an der Kleederfabrek"
Tëschegang: Restaurant "op der Bleech"
Haaptplat: Restaurant Camping Op Kengert
Dessert: Café de la Place